Lëtzebuergerin vum Joer!
Wann dir dat och esou gesitt, dat wielt fir mech!
Alleng schonn dobäi sinn, ass eng Éier.
---------------------------------------------------------------
Text vum RTL Site:
Wie gëtt Lëtzebuerger a wie gëtt Lëtzebuergerin vum Joer 2012?
Dir hutt proposéiert an elo kënnt Dir decidéieren. A gewannen! Ënnert all deene Leit, déi sech aloggen a bis den 31. Dezember 2012 ëm 12 Auer mëttes hir Stëmm ofginn, verspille mir 1 Samsung Galaxy S III (Smartphone), 1 Samsung Galaxy Note II (Tabphone) an 1 Samsung Galaxy Note 10.1 (Tablet) offréiert vu P&T LUXGSM.
Aus iwwer 250 Proposen, déi mir vun Iech erageschéckt kruten, hu mir elo zweemol 15 real existéierend Perséinlechkeeten ausgewielt, fir déi Dir elo stëmme kënnt. De Bommeleeër berücksichtege mer eréischt, wann e bis fonnt ass ;-)
Fir ze wielen: Loggt Iech w.e.g. mat Ärem VIP-Login op RTL.lu an, maacht Äre Choix an da kënnt Dir beim „Lëtzebuerger“ a bei der „Lëtzebuergerin“ all Kéier bis zu 6 Stëmme verginn. Zum Beispill 3 Stëmme fir Äre Favorit, 2 fir Ären zweeten an 1 fir Ären drëtte Choix.
Wie bis den 31. Dezember (12h) déi meeschte Stëmme gesammelt huet, gëtt „Lëtzebuerger“ resp. „Lëtzebuergerin vum Joer 2012“ a kritt d’Goldmedail, deen Zweete kritt Sëlwer, deen Drëtte Bronze. D’Resultater gi mir den 1. Januar 2013 bekannt!
Vill Spaass beim Ofstëmmen, vill Gléck beim Gewannen ... an elo scho schéi Feierdeeg an e glécklecht Neit Joer!
http://news.rtl.lu/aktiounen/letzebuergervumjoer/voting_w/